1.
Zwee Kinnékskanner, déi trei sech léif,
koumen ausenaaner, wäit an déif.
Zwee Kinnékskanner, déi trei sech léif,
hu gebaangt, op d’Gléck nach bléie géif.
Haut weisen si der ganzer Welt an engem Feld
d’Goldlilie mat dem roude Krouneléif.
Haut steet ëm si voll Freed, Hand an Hand,
d’Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.
2.
Nun as verbäi de Stuurm, d’Nout as aus,
d’Menschheet trëtt erléist an d’Liicht eraus.
Nun as verbäi de Stuurm, d’Nout as aus:
Lëtzebuerg bleift Här am eegnen Haus.
Den Himmel huet no laanger Nuecht d’neit Freijor bruecht
a rëscht all Dir mat grénger Friddensstrauss.
Lo steet erem sou frou, Hand an Hand,
Grouss a Kleng am Lëtzebuerger Land.
3.
Mir hun a schwéirer Zäit Trei bekannt,
’t gong fir d’Fräiheet an et gong fir d’Land.
Mir hun a schwéirer Zäit Trei bekannt,
d’Éier agesat zum Ënnerpand.
A wann eng nei Gefor en dreet, mir si bereet,
mir haale nees mat Häärz a Wëlle stand.
Da steet rem staark a stolz, Hand an Hand,
d’Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.
4.
Sou wäärd et ëmmerzou eneg ston,
voll Vertraue Gléck an Ongléck dron.
Sou wäärd et ëmmerzou eneg ston,
frou seng Flicht géint Troun an Hemecht don.
E staarke Stamm an aler Äärd an duebel wäärt,
mat fräier Kroun voll Saaft a Sonn ze ston.
O Härgott, schiirm a leet, Hand an Hand,
d’Vollék vun dem Lëtzebuerger Land!